FIRWAT DËSE BLOG ?

Als Déierepark hu mer e puer Aufgaben, dozou gehéiert et, Wëssen ze vermëttelen an ze sensibiliséieren aus Frëndschaft zur Natur an zum Déier.

Mer haten eis awer och zum Ziel gesat eise Visiteuren „Erliefnisser ze schenken“.

Momentan ass et fir iäch Frënn vum Déierepark schwiereg um Liewen am Déierepark Deel ze huelen an dofir bréngen mär iäch een Deel Déierepark heem.

 „Bleif doheem“ gëllt och fir d’Maisy aus dem Kuelebierg, d’Mia Morilla an den Dr Dachs.

Sie sinn also weiderhin um Bierg, bewonneren d’Natur, lauschteren den Déieren hier Geschichten no a kucken den Déieren um Bierg no.

Hei an dësem Blog, stellen si iäch di nächst Zäit sech, hier Bamhaiser an hiert Liewen an an ëm den Déierepark fir.

Sie wäerten iäch eenzel Déieren aus dem Park virstellen an iäch Tipps ginn an Tricke verroden, fir eng flott Zäit mat ären Déieren doheem ze hunn, Eppes bäizeléieren an flott Erliefnisser och doheem ze hunn.

  • D’Maisy aus dem Kuelebierg stellt iäch d’Villercher fir déi hatt bei sech um Balcon ka bewonneren.
  • D’Mia Morilla schwätzt vill, zielt gären Geschichten a kennt vill Leit déi Geschichten zielen… dat eent oder anert Liblingsbuch wäert hatt iäch och verroden.
  • Dem Dokter Dachs läit d’Wuelbefannen vun den Déieren ganz besonnesch um Häerzen. Net nëmmen Déieren aus dem Park sinn him wichteg, mä all Déieren. Hien erkläert iäch wat Déierentraining an Déierebeschäftegung ass, a firwat dat wichteg ass. Hie weist iäch hei am Blog Trainingsoofleef, och mat Videoen, a gëtt iech Iddien fir är Déieren doheem ze beschäftegen. Där kënnt him souguer är Froen zu ären Déieren per e-Mail era schécken dokterdachs@villeesch.lu . An och hien wäert iäch Rotschléi mat op de Wee ginn, wat der kënnt zum Thema Déieren liesen.
Ons Hinger Doheem – (Awer ouni „social distancing“!)
%d Bloggern gefällt das: