Léif Déiereparkfrënn, Als Responsabel vum Déierepark a vun de Bamhaiser soen ech ärch villmools Merci fir ären Interessi un eisem Park an un eise Geschichten. Et ass schéin, dass där och a bësse méi enger schwiereger Zäit mat eis zesummen un Dreem a Geschichten gleeft. Merci un all d’Kanner déi vill schéi Biller era geschéckt hunn, an doduercher de Bambi duerch d’ganzt Land op„Statt Virtuell elo och erëm an Echt!“ weiterlesen
Autor-Archive:admin
Fotogalerie
e puer schéi Biller vum Olivier Meli
Gewënner vum Molconcours (Woch vum 27. Abrëll bis 3. Mee)
Folgend iwwert maisy@villeesch.lu agereechte Bild huet dem Maisy des Woch am beschte gefall: BRAVO A VILLMOLS MERCI FIR ALL DEI FLOTT BILLER! D’Anaïs kritt sein Escher Bambi an een Certificat um Postwee.
Dem Mia seng Frëndin, d’Betsy Dentzer, zielt d’geschickt wéi d’Hong bei d’Mënsche koum.
D’Betsy Dentzer ass eng vum Mia senge Frëndinnen an hat ass eng richteg Geschichtenerzielerin. D’Betsy kennt Geschichten aus der ganzer Welt an Déierewelt. “Wéi d’Hong bei d’Mënsche koum” Betsy Dentzer Artiste-conteuse & pédagogue de théâtre info@betsydentzer.luwww.betsydentzer.luwww.facebook.com/Dentzer.Betsy Instagram: Betsy Dentzer
Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Lena (an d‘ Heidi) fir.
Op eisem Blog hei gitt där méi gewuer iwwert eis Equipe um Park an eis ganz besonnesch Déieren am Park. Numm: LenaGebuertsdatum: ee schéinen Dag am Mount deen net wees waat e wëllGebuertsplaz: um roude BuedemUarbecht: Déierefleeger am DéiereparkLieblingsiessen: SchockelaLieblingsplaaz am Déierepark: bei de Geessen op hirer SonnenterrassDaat hun ech gär: alles matt PelzDaat hun ech net gär:„Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Lena (an d‘ Heidi) fir.“ weiterlesen
MOLCONCOURS
Mol eis e Bild, vun Déieren, Erënnerungen aus dem Déierepark oder wat dir soss elo grad an de Kapp kënnt. Frot är Elteren fir eng Foto vum Bild ze maachen an dann per e-mail un maisy@villeesch.lu ze schécken. Mat dengem Numm, Alter an Adress. Ze gewannen gëtt et all Woch Plüschdéiere (De berüümte Bambi vun Esch) am Wäert vun 30 Euro.
Gewënner vum Molconcours (Woch vum 20. bis 26. Abrëll)
Folgend iwwert maisy@villeesch.lu agereechte Bild huet dem Maisy des Woch am beschte gefall: BRAVO A VILLMOLS MERCI FIR ALL DEI FLOTT BILLER! D’Laura kritt sein Escher Bambi an een Certificat um Postwee. An hei nach eng Foto vum Emma mat sengem „Escher Bambi“ den hat dei läscht Woch gewonnen huet.
Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Nadège (an de Camille) fir.
Op eisem Blog hei gitt där méi gewuer iwwert eis Equipe um Park an eis ganz besonnesch Déieren am Park. Numm: NadègeGebuertsdatum: op engem schéinen Fréijoersdag firun net all ze laanger ZäitGebuertsplaz: um HaffUarbecht: Déierefleeger am DéiereparkLieblingsiessen: Kachkéis gudd deck op d’Schmier geschmiertLieblingsplaaz am Déierepark: um „Heemelwee“ am Schied beim CamilleDaat hun ech gär: Déieren an ee„Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Nadège (an de Camille) fir.“ weiterlesen
Dem Mia seng Frëndin, d’Betsy Dentzer, zielt d’Märchen vum Schwäin.
D’Mia huet jo vill Frëndinnen déi gären a vill zielen. D’Potty Lotty an d’Kata kennt dir schonn, reegelméisseg komme Sie jo och an de Park an zielen hier Geschichten do wou d’Kanner an déi Grouss mat den Oueren op an dem Mond zou sëtzen oder stinn a gespannt lauschteren… D’Betsy Dentzer ass eng vum Mia senge Frëndinnen„Dem Mia seng Frëndin, d’Betsy Dentzer, zielt d’Märchen vum Schwäin.“ weiterlesen
Gewënner vum Molconcours (Woch vum 13. bis 19. Abrëll)
Folgend iwwert maisy@villeesch.lu agereechte Biller hunn dem Maisy des Woch am beschte gefall: An hei nach eng Foto vum Lya mat sengem „Escher Bambi“ den hat dei läscht Woch gewonnen huet. BRAVO A VILLMOLS MERCI FIR ALL DEI FLOTT BILLER! D’Gewënner kréien hiren Escher Bambi an een Certificat um Postwee.