Statt Virtuell elo och erëm an Echt!

Léif Déiereparkfrënn,

Als Responsabel vum Déierepark a vun de Bamhaiser soen ech ärch villmools Merci fir ären Interessi un eisem Park an un eise Geschichten.

Et ass schéin, dass där och a bësse méi enger schwiereger Zäit mat eis zesummen un Dreem a Geschichten gleeft.

Merci un all d’Kanner déi vill schéi Biller era geschéckt hunn, an doduercher de Bambi duerch d’ganzt Land op d’Rees geschéckt hunn. Ech hoffen där hutt vill Freed domadder a gären däerft där eis nach weider är Biller era schécken, mär verschenken och weiderhin eis Maskottercher. ( maisy@villeesch.lu )

Merci och dem Maisy, Mia an Dokter Dachs esou wéi hire ville Frënn déi gehollef hunn dëse Blog ze fëllen.

An der éischter Phase vum Déconfinement schaffe mär drun de Park an d’Bamhaiser der Situatioun unzepassen a mat eisen Ëmbauaarbechte weiderzekommen.

Hei si mär op all Hellëf ugewisen, an och d’Maisy, d’Mia an den Dokter Dachs hëllefe fläisseg fir dass d’Vakanz doheem trotz Pandemie ka genoss gi a mär och an Zukunft eise Visiteure schéin Erliefnisser kënne schenken am Sënn vum Déier a vun der Natur.

Mär investéieren deemno aktuell eis Zäit an dee reelle Site an e bësse manner an eise virtuelle Site.

An där kënnt ärch elo schon op eis nei Pohunnen de „Jules d’Thréis“ freeën an een neit Konzept am Bamhauscafé. Eng nei „Schaufudderkichen“ steet an de Startlächer, a mär schaffe vill flott Atelier’en fir Zukunft aus.

Weiderhin ass de Schwéierpunkt vun eisen Déierefleeger um Thema Enrichment an Training vun den Déiere gesat, dofir wonnert ärch net, wann där bei ärer Visitt emol eng Geess, ee Schof oder eng Gäns ausserhalb vum Geheg gesitt.

Bleift weiderhi virwëtzeg a kuckt reegelméisseg op eise Blog eran, well och an Zukunft, wann och vläicht net grad esou schnell wäerte mär ärch op dëser Plaz iwwert déi neiste Situatiounen an a ronderëm den Déierepark informéieren.

Merci fir äert Versteesdemech

Anne Meyers

%d Bloggern gefällt das: