Op eisem Blog hei gitt där méi gewuer iwwert eis Equipe um Park an eis ganz besonnesch Déieren am Park.
Numm: Lena
Gebuertsdatum: ee schéinen Dag am Mount deen net wees waat e wëll
Gebuertsplaz: um roude Buedem
Uarbecht: Déierefleeger am Déierepark
Lieblingsiessen: Schockela
Lieblingsplaaz am Déierepark: bei de Geessen op hirer Sonnenterrass
Daat hun ech gär: alles matt Pelz
Daat hun ech net gär: Sträit
Daat wënschen ech ärch: vill schéi Momenter am Déierepark
Lieblingsdéier : D‘Heidi, hatt as eng Geessemadamm a gehéiert zu den Zwerggeessen

JO, eng Madamm och wann hatt Haren huet.
d’Heidi ass viru méi laanger Zäit gebuer… et weess keen et genau!
20-25kg schwéier an 40cm héich.
Hatt huet net méi ganz vill Zänn, vläicht e bëssen ee decke Bauch an heiansdo och e bëssen déi al Schanke wéi. Dann trëppelt hatt kromm, awer hatt ass gären am Park, frou mat de Kanner a beim Training ëmmer mat der Nues vir bäi.
