Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Nadège (an de Camille) fir.

Op eisem Blog hei gitt där méi gewuer iwwert eis Equipe um Park an eis ganz besonnesch Déieren am Park.

Numm: Nadège
Gebuertsdatum: op engem schéinen Fréijoersdag firun net all ze laanger Zäit
Gebuertsplaz: um Haff
Uarbecht: Déierefleeger am Déierepark
Lieblingsiessen: Kachkéis gudd deck op d’Schmier geschmiert
Lieblingsplaaz am Déierepark: um „Heemelwee“ am Schied beim Camille
Daat hun ech gär: Déieren an ee Plang
Daat hun ech net gär: Onuerdnung a keng Disziplin
Daat wënschen ech ärch: Vill Freed

Lieblingsdéier : de Camille. Heen as ee kastréierten Geessebock vun der Rass vun de Mellëchgeessen.

Am Fréijoer 2011 gebuer, +/-85 cm héich an 70 kg schwéier ..oder vläit och emol e bësse Am Fréijoer 2011 gebuer, +/-85 cm héich an 70 kg schwéier ..oder vläicht och emol e bësse méi, well trotz Arthros ass de Camille ëmmer deen éischten an der Rei wann et ëm d’Friesse geet.
Hien freet sech ëmmer immens iwwert Besuch vun de Kanner, well déi krazen hien esou schéin um Réck… do kënnt hien net méi esou gutt drun.

Fiir eis gehéiert de Camille zu den Senioren a gëtt gären a gudd vun den Déierefleeger verwinnt.

Hochzäitsfoto vum Nadège a Camille
%d Bloggern gefällt das: