BLOG

Wëllkomm um Blog vum Escher Déierepark.

Läscht Posts

Statt Virtuell elo och erëm an Echt!

Léif Déiereparkfrënn, Als Responsabel vum Déierepark a vun de Bamhaiser soen ech ärch villmools Merci fir ären Interessi un eisem Park an un eise Geschichten. Et ass schéin, dass där och a bësse méi enger schwiereger Zäit mat eis zesummen un Dreem a Geschichten gleeft. Merci un all d’Kanner déi vill schéi Biller era geschéckt hunn, an doduercher de Bambi duerch d’ganzt Land op…

Fotogalerie

e puer schéi Biller vum Olivier Meli

Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Lena (an d‘ Heidi) fir.

Op eisem Blog hei gitt där méi gewuer iwwert eis Equipe um Park an eis ganz besonnesch Déieren am Park. Numm: LenaGebuertsdatum: ee schéinen Dag am Mount deen net wees waat e wëllGebuertsplaz: um roude BuedemUarbecht: Déierefleeger am DéiereparkLieblingsiessen: SchockelaLieblingsplaaz am Déierepark: bei de Geessen op hirer SonnenterrassDaat hun ech gär: alles matt PelzDaat hun ech net gär:…

MOLCONCOURS

Mol eis e Bild, vun Déieren, Erënnerungen aus dem Déierepark oder wat dir soss elo grad an de Kapp kënnt. Frot är Elteren fir eng Foto vum Bild ze maachen an dann per e-mail un maisy@villeesch.lu ze schécken. Mat dengem Numm, Alter an Adress. Ze gewannen gëtt et all Woch Plüschdéiere (De berüümte Bambi vun Esch) am Wäert vun 30 Euro.

Gewënner vum Molconcours (Woch vum 20. bis 26. Abrëll)

Folgend iwwert maisy@villeesch.lu agereechte Bild huet dem Maisy des Woch am beschte gefall: BRAVO A VILLMOLS MERCI FIR ALL DEI FLOTT BILLER! D’Laura kritt sein Escher Bambi an een Certificat um Postwee. An hei nach eng Foto vum Emma mat sengem „Escher Bambi“ den hat dei läscht Woch gewonnen huet.

Ween sinn déi Leit déi no den Déieren kucken, an hunn si vläicht ee Liblingsdéier? Dës Woch stelle mer iech d’Nadège (an de Camille) fir.

Op eisem Blog hei gitt där méi gewuer iwwert eis Equipe um Park an eis ganz besonnesch Déieren am Park. Numm: NadègeGebuertsdatum: op engem schéinen Fréijoersdag firun net all ze laanger ZäitGebuertsplaz: um HaffUarbecht: Déierefleeger am DéiereparkLieblingsiessen: Kachkéis gudd deck op d’Schmier geschmiertLieblingsplaaz am Déierepark: um „Heemelwee“ am Schied beim CamilleDaat hun ech gär: Déieren an ee…

Dem Mia seng Frëndin, d’Betsy Dentzer, zielt d’Märchen vum Schwäin.

D’Mia huet jo vill Frëndinnen déi gären a vill zielen. D’Potty Lotty an d’Kata kennt dir schonn, reegelméisseg komme Sie jo och an de Park an zielen hier Geschichten do wou d’Kanner an déi Grouss mat den Oueren op an dem Mond zou sëtzen oder stinn a gespannt lauschteren… D’Betsy Dentzer ass eng vum Mia senge Frëndinnen…

Wird geladen …

Es ist ein Fehler aufgetreten. Bitte aktualisiere die Seite und/oder versuche es erneut.

ESCHER DÉIEREPARK & BAMHAISER | 64, Gaalgebierg | L-4142 Esch-sur-Alzette

Tel.: (+352) 2754 3752 oder (+352) 2754 8755